Géint Gewalt u Kanner

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Member ginn

a.s.b.l.
 

Géint Gewalt u Kanner a.s.b.l.  (R.C.S.  F10675)

Mir sinn ee nach klengen Grupp vun Benevolen, a sichen nach engagéiert a motivéiert Leit, déi Loscht hunn, hir Iddie’en mat anzebréngen, a bei neien Projet’en matzeschaffen.
Ons Projet’en sinn:

  • ee Selbsthëllefgrupp fir Betraffener vun Gewalt (ob physesch, psychesch oder sexualiséiert Gewalt),

  • ee  Selbsthëllefgrupp  fir Leit mat enger  DIS  ( Dissoziativer   Identitéitsstéirung ). Hei leit den Haaptakzent op der Informatioun, Stäerkung vun Ressourcen, Erléieren vun Hëllefstechniken,

  • Primär Gewaltpräventioun bei Kanner a Jugendlechen,

  • Informatioun an Infostänn zum Thema „Gewalt u Kanner, an d’Folgen vun der Gewalt",

  • d’Zesummenaarbecht mat aneren Associatiounen,


Mir bidden eng flott Zesummenaarbecht am Grupp.

Wann Dir:                                                                                                                                         

  • un der Thematik an den Projet’en intresséiert sidd,

  • Iech eventuell gutt mam Thema auskennt an Äert Wëssen wëllt weiderginn,

  • wëllt nei Saachen kenneléieren,

  • eventuell selwer Betraffen sidd,

  • als Benevol wëllt eppes beweegen a veränneren,

Da mellt Iech w.e.g. bei ons iwwert Mail.

Ons ënnerstëtzen geet zum engen doduerch, dass Dir Member vun der a.s.b.l. gitt.  
Ween net onbedéngt wëll Member ginn, an awer mol hei oder do eng Hand mat upaken wëll, ass häerzlechst wëllkomm.

Géint Gewalt u Kanner a.s.b.l.                                                                                                    
Conseil d’Administratioun:

  • Viviane Haupert (Grënnerin a Presidentin)

  • Lynn Kremer  (Secrétaire)

  • Pia   Wohl  (Trésorier)



Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü